IMG_5319.jpeg

Mir sinn ee Grupp vu Wildnispädagogen an hunn 2016 des ASBL gegrënnt an organiséieren Weekender an der Wildnis, Formatiounen, Workshops,... an ab 2020 souguer eng ganz Ausbildung zum Wildnispädagog.
Haaptziel vun der ASBL ass et en Netzwierk fir déi verschiddenen Acteuren ze schafen. Mir treffen ons eemol am Joer op engem groussen Treffen mat auslännesche Kollegen.
Zu Lëtzebuerg ginn et am Moment ronn 20 Wildnispädagogen, déi an deene verschiddensten Beraicher schaffen; daat souwuel am Kader vun der Schoul wéi och am Fräizäitberäich. Si schaffen a feste Strukturen, als Freelance oder souguer selbstänneg.

Mir kommen och bei Iech!

Sidd dir interesséiert un enger Aktivitéit, enger Art Colonie oder enger Formatioun, dann kënnt Dir Iech gäer bei eis mellen. Mir man Iech eng individuell Offer.