top of page
P1010250_edited.jpg

D’Natur an hier Ressourcen kenne léieren. D’Zesummenhäng vun der Natur verstoen. Sech an der Natur doheem fillen. Feier maachen, ee Bou bauen oder Vullestëmmen kenne léieren. Kraider plécken an um Lagerfeier kachen. D’Inhalter sinn sou villfällteg, wéi d’Leit déi matman.

 

Wildnispädagogik ass kee geschützten Titel. Trotzdem oder grad dowéinst passen mir op, dass mir en héige Qualitéitsstandard erreechen. W.I.N.D. ass d’Netzwierk vun de Wildnisschoulen an Däitschland. Si treffen sech regelméisseg fir iwwert d’Qualitéit vun hiere Formatiounen ze schwätzen. Mir orientéieren eis un hiere Standards, déi sech bei hinnen schon säit villen Joeren bewärten. Mir garantéieren eng kompetent Aarbechtsqualitéit, ökologescht Handelen, Nohaltegkeet sou wéi sozial Verantwortung.

 

Coyote Teaching ass eng Method fir dëst un aner Leit resp. Kanner weider ze ginn. D'Natur selwer gëtt zum groussen Deel d'Äntwerten op d'Froen. Duerch verschidden Technike léiert een sech heirop anzeloossen.

Bei den Urvëlker gëtt et de Begrëff Wildnis net. De Begrëff Natur an hiëre Sproochen, géif ee bei eis iwwersetze mat 'Schöpfung' oder 'Das Geborene' an awer och ganz einfach d’Heemecht.

 

Hei ass eng Oplëschtung vun Aktivitéiten a Kompetenzen déi um Programm stinn:

 

Hardskills:

- Feier maache mat verschiddenen Techniken (Drillbou, Feiersteng,...)

- Ëmgang mam Messer, Beil, Aaxt,...


- Iessbesteck hierstellen aus Holz (schnëtzen)

- Schossel brennen

- Wurfstock / Bummerang

- Speerschleider

- Bou bauen

- Hütt aus Naturmaterial bauen (Laubhütten)

- Kachen an der Natur (verschidden Techniken)

- Nëtzlech Kraider kenneléieren an notzen

 

 

 Softskills:

 

Ganz no Motto: 'Raus aus dem Kopf, rein in die Sinne!'

 

- Coyote Teaching

- Naturwëssen

- Wahrnehmung

- Erweiderung vun de Sënner

- Sech an der Natur beweegen

- Intuitiv Bouschéissen

- Spueren am Bësch erkennen a liesen

- Sprooch vun de Vullen

- Intuitioun

- Ritualer (Talking Stick)

- Geschichten erzielen

- Journaling

- Natiirlecht Léieren

- Liëwensrad

bottom of page