top of page
School

Des Avant-Première ass leider annuléiert! De Film waert viraussiichtlech den 25.4. Online gewise ginn.

__________________________________________

Mir invitéieren op d’Avant-Premiere vun engem ganz spezielle Film mat Special Guests!!!

D'Avant-Première ass weltwäit EXKLUSIV hei bei ons. An deem flotte Kader vum CELO zu Hesper, wäerte mir net nëmmen de Film weisen, mee virun allem och Leit zu Besuch hunn, déi iwwert de Projet schwätzen an vun hiren Erfarungen an der Kalahari erziëlen. Et wäerte sëcherlëch ganz interessant an emotional Témoignage sinn.

Hei ass ee klengen Ausschnëtt :   https://vimeo.com/424600845

Un dëser Plaz, ee grousse MERCI, un all déi Leit, déi dat aalt Wëssen gefleegt a weiderginn hunn, fir dass mir et haut kënne léieren a weiderginn.

Hunter.jpg

Wéini :   Samschdes den 10.Abrëll 2021  um 19h00

 

Wou : CELO zu Hesper. https://celo.lu/galerie/ 

 

Präiss: GRATIS mee mir sinn frou iwwert all klengen a groussen Don deen natiirlech integral dem Projet 'Tracker-School' ze gudd kënnt.

Wann Dir leider nët komme kënnt, awer de Projet ënnerstëtze wëllt, dann maacht bis den 20.Abrëll en Don op eise Kont

Wildnis ASBL
LU83 0019 5555 9358 4000 (BCEE)
mam Vermierk:   School of Land

oder per DIGICASH op d’Telefonsnummer : 661 226 221

Umellen kënnt dir Iech ab elo !  


Einfach e Mail man op info@wildnis.lu mat folgenden Infos:

- Numm/Virnumm/Telefon
- der Unzuel vu Plazen déi Dir braucht
- der Info op déi Leit aus engem eenzege Stod sinn

Ee grousse Merci un d'Gemeng Hesper, déi daat ganzt erméiglëchen.

‘De Kontext:

 

'Culture can never die!’    -   Wildnispädagogik, wéi mir et nennen, wäert net ausstierwen !

Wildnis ASBL ass op dëse flotte Projet opmierksam ginn. Et geet drëms eng TRACKERSCHOOL an der Kalahari (Namibia) ze ënnerstëtzen déi sech et zum Ziel gemaach huet dat aalt Wësse vum Spuereliësen an op d’Juegd ze goen, weider ze ginn un déi jonk Generatioun déi oft de Lien zu der aller Traditioun verluer huet. Et ass déi éischt ‘Schoul’ an där Form déi vu ‘Buschleit’ geleed gëtt.

Mat engem éierbaren Don vun eiser ASBL konnt dëse Film realiséiert gin, mam Ziel iwwert d’Hannergrënn vun dëser TRACKER-SCHOOL opzeklären. Ab Mëtt Abrëll kënnt dir dëse Film Gratis op de soziale Medie gesinn. De Link dozou wäert dir zu deem Moment natierlech op eisem Site fannen.

 

Dëst maache mir och, awer nët nëmme fir Suën ze sammele fir dëse Projet, mee och fir hei zu Lëtzebuerg ee bessert Verständnis ze schafe wat Wildnispädagogik eigentlech wierklech ass.

D’Plaze sinn (wéinst Corona) ganz streng limitéiert. Dee grousse Sall, deen am Normalfall e puer honnert Leit zouléisst, wäerte mir sou andeelen, dass ronn 50 Leit absolut sécher un dësem Event kënnen deelhuelen.

Spueren

Déi lescht zwee Weekender hu mir, am Kontext vun eiser Wildnispädagog(inn)en-Ausbildung, dierfe vun engem wierklech grousse Spuereliëser léieren, dass et sech beim Spuereliësen net nëmmen em en interessant Hobby handelt, mee dass vill méi derhannert stécht.

bottom of page